2075
Eine Odysee durch das Weltall
Collectif Dadofonic
Uropféierung
12.12.2024, 10.00/19.30
13.12.2024, 10.00
14.12.2024, 15.00
15.12.2024, 15.00
De Klimawandel ass net méi wechzedenken an d'Äerd ass net méi ze retten. Flëss a Séie schrumpfen esou vill, dass een se vum
Weltall aus kaum nach erkennt.
Dürre, Bränn an Iwwerschwemmunge bedroen all Déier - a Planzen-Aarten. Et gëtt ëmmer méi Engpäss bei de Primär-Rohstoffer. Et reent just selten, an am Schiet sinn et bis zu 50 Grad Celsius.
​
D'Mënsche liewen an enger futuristescher, digitaler Welt. Autoe fléien, Dronen transportéieren Iessen a Päck , a Roboter
iwwerhuelen d'Aarbecht vun de Mënschen. Alles ass computergesteiert, d'Mënsche brauchen se just nach ze bedéngen. Awer
net alle geet et gutt. D'Liewen op der Äerd ass ganz deier ginn, de Spléck tëscht Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss.
Sou gesäit d'Welt am Joer 2075 aus.
Am Joer 2075 sinn d'Follgen vun der globaler Erwiermung net méi wechzedenken. De sougenannten «Comité Collectif» stellt
sech dëser Problematik. Et schéckt eng Grupp vu sechs Persounen an de Weltraum. Am Laf vun hirer Missioun entdecken se nei
Planéiten an onbekannt Zivilisatioune.
2075 ass en originelle Projet, inzenéiert, geschriwwen a gespillt vun der inklusiver Trupp vum Collectif Dadofonic, déi et
reegelméisseg schaaft, hiert Publikum mat ongewinnten Opféierungen ze verzauberen.
​
Der Klimawandel ist nicht mehr wegzudenken und die Erde nicht mehr zu retten. Flüsse und Seen schrumpfen so sehr, dass man sie vom Weltall aus kaum noch erkennen kann.
Dürre, Brände und Überschwemmungen bedrohen alle Tier- und Pflanzenarten. Es gibt immer mehr Engpässe bei den Primär-Rohstoffen. Es regnet nur selten, und im Schatten sind es bis zu 50 Grad Celsius.
Die Menschen leben in einer futuristischen, digitalen Welt. Autos fliegen, Drohnen transportieren Essen und Pakete, und Roboter übernehmen die Arbeit der Menschen. Alles ist computergesteuert, die Menschen brauchen sich nur noch bedienen zu lassen. Doch nicht allen geht es gut. Das Leben auf der Erde ist sehr teuer geworden, der Spalt zwischen Arm und Reich wird immer größer. So sieht die Welt im Jahre 2075 aus.
Regie: Collectif Dadofonic
Kostümer: Atelier tissage Ligue HMC
Bün: Atelier menuiserie Ligue HMC
Mat: Cristiano Dias Andrade, Dinora Vehapi, Eurydice Duplay, Fräncki Friederich, Jade Perrin, Laurent Blitgen, Lelita Almeida, Nathalie Dumont, Noa Wagener, Pedro Nuno Cardoso, Raphaël Lux, Sandra Fitas Fernandes, Vincent Borruto
Eng Produktioun: Ligue HMC, Collectif Dadofonic