top of page
serge tonnar.jpeg

Kapoutty

Serge Tonnar / Georges Urwald

05.02.2025, 19.30

07.02.2025, 19.30

Den Duo Tonnar Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier.

 

Den Text an d'Geschichten stinn nees am Mëttelpunkt, mam Serge Tonnar senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges Urwald senge Pianoskläng, déi wéi d'Fauscht op d'A passen. No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm Aus der Heemecht, hunn si elo hiren neien Album Kapoutty am Gepäck, mat Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi Déi Schnëss oder De schéine Poli, kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner Opreegendes) ze héieren.

bottom of page